Tryk

RTL - En Iwwerbléck vun de beschten Abrëllsgecken aus dem Land (2025)

Wed/Apr/Å

Präisser jee no Gewiicht vum Client
De Restaurant Madame Witzeg vum Belval huet dann en neit dynamescht Konzept fir ze bezuelen agefouert. Jee no Gewiicht vum Client gëtt et eng Remise, en Oppräis oder ee gratis Dessert. Fir d'Leit tëscht 50 a 70 Kilo ännert sech deemno awer näischt...

RTL-Readers Choice: Bescht Kniddelen

Sun/Apr/Å

Plaz 2: Madame Witzeg

Ouverture vum Restaurant: Januar 2023
Adress: 60 Rue Waassertrap, 4408 Bieles
Beléiftste Kniddelen: Kniddele mat Ram, Speck an Äppelkompott
Pluspunkt: exzellenten, authenteschen an eemoleg gudde Service, schéinen a modernen Interieur an eng gemittlech Atmosphär

D'Madame Witzeg ass e relativ neie Restaurant, dee sech dann dach vun anere Restauranten ofhieft. Hei handelt et sech nämlech an sech ëm en Atelier d'Inclusioun professionell, an deem Leit mat enger Beanträchtegung schaffen a sech ëm d'Clientë këmmeren, sief et am Service oder an der Kichen. Ënnert anerem ginn och Kniddelen zerwéiert, déi reegelméisseg ëmmer nees op der Kaart stinn, wéi eis d'Manon Arent, Direktiounsbeoptraagt vum Restaurant "Madame Witzeg" verréit.

D'Trisomie 21 asbl huet dës Initiativ deemools an d'Liewe geruff, fir esou Aarbechtsplaze fir hir Memberen ze schaffen. E Projet deen haut, zwee Joer no der Ouverture, exzellent leeft, och wann de Start duerch Covid an d'Sich no der gëeegenter Lokalitéit deels verréckelt gouf. „Mir waren dunn awer ëm sou méi frou, dass mer virun zwee Joer konnten opmaachen“, sou d'Manon Arent.

Si betount, dass d'Kaart méi iwwersiichtlech ass wéi an anere Restauranten an all dräi Mäint nees ännert: "Op der leschter Kaart déi mer haten, waren ebe Kniddelen drop, déi sinn ëmmer nees drop, och Mol als Suggestioun, an déi si gutt gelaf“. Hei heescht et also nofroen, ob d'Kniddelen am Moment op der Kaart stinn, sollt ee wierklech nëmmen dowéinst kommen. Hei sief awer kloer gesot, dass de Besuch an dësem eenzegaartege Restaurant zu Bieles virun allem wéinst dem authentesche Service, dem léiwe Personal an dem exzellenten Iessen derwäert ass... och wann d'Kniddele Mol eng Kéier net um Menü stinn. En absolutte Geheimtipp, wann een am déiwe Minett wunnt oder ënnerwee ass.

KONTERBONT - Iessen emol anescht

Wed/Apr/Å

Op Besuch am Pomme Pomme a bei der Madame Witzeg.

Fir Leit mat enger Beanträchtegung ass et oft net einfach, an eiser Beruffswelt eng Plaz ze fannen. Sougenannten Ateliers d’inclusion professionnelle (AIP) sollen hinnen awer genee dat erméiglechen. Wéi gutt dat Ganzt klappt, weisen déi zwee Restaurante Madame Witzeg a Pomme Pomme vun Trisomie21 an der Ligue HMC, well hei gëtt et net nëmmen eng Plaz fir jiddereen, mee och richteg leckert Iessen. En Abléck.

Eng gutt Bouchée, e Pavé de saumon oder och mol eng Lasagne: Am Restaurant Pomme Pomme zu Capellen gëtt et all Dag en anere Plat ze entdecken, dat nieft enger Kaart mat fixe Suggestiounen, bei deenen engem d’Waasser am Mond zesummeleeft. Zanter 1996 invitéiert de Restaurant a säi flotte Kader, dee mam Plënneren an dat neit Gebai vun der Ligue HMC virun zwee Joer nach emol en Upgrade krut. Op den éischte Bléck ass am Pomme Pomme alles ganz „normal“, just dass hei eebe Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung schaffen.

Fënnef Leit an der Kichen, eng zéng am Service, dorënner och Encadranten, déi d’Ekippe begleeden: Wien op Capellen iesse kënnt, dee kritt e gutt Encadrement garantéiert, well hei ginn d’Wäerter Respekt an Inklusioun esouwéi de korrekten Ëmgang ënnertenee groussgeschriwwen. Dass d’Personal net dat selwecht ass, wéi een et an anere Restaurante gewinnt ass, ännert näischt un der Qualitéit vun der Offer – au contraire, esou d’Tamara Franck, Kommunikatiounsbeoptraagt vun der Ligue HMC: „Mir sinn en inklusive Restaurant mat enger chaleureuser Atmosphär, mee et dierf een net vergiessen, dass hei och geschafft gëtt, an an der Mëttesstonn flutscht et, wéi een am Minett géif soen.“
© Restaurant Pomme-Pomme
© Restaurant Pomme-Pomme

Schonn e puer Deeg am Viraus muss ee säin Dësch am Pomme Pomme reservéieren, well déi 52 Still banne sinn ëmmer gutt gefëllt. E wierklechen Ënnerscheed zu anere Plaze gëtt et à la base net, och wann een als Gaascht natierlech am Kontakt mat de Serveuren a Serveusen eventuell mierkt, dass hei Leit mat enger Beanträchtegung schaffen. Ma genau heirëms geet et: ze weisen, dass jiddereen eng Aarbecht kann ausféieren an dass dës dowéinst net manner gutt ass.

Et géif een sech vill Méi ginn, no baussen hin ze sensibiliséieren, ma entretemps ass de Pomme Pomme e richtege Selbstleefer, well do, wou ee gutt ësst, e gudde Service gebuede kritt an an engem flotte Kader sëtzt, geet een och gär hin – egal, ob et sech ëm en Inklusiounsatelier handelt oder net. Wärend am Pomme Pomme keng weider Upassungen un d’Personal musse gemaach ginn, huet de Restaurant Madame Witzeg vun Trisomie21 e liicht anert Konzept. Hei schaffen nämlech och Leit mat enger Behënnerung, ma dës hunn e puer méi besonnesch Besoinen. Fir dass sech d’Mataarbechter zum Beispill am Sall kënnen orientéieren, sinn d’Beräicher no Faarwen opgedeelt an all Gaascht kann sech en eegene Personnage (Avatar) op der Kaart eraussichen, deen engem dann zougeuerdent gëtt.

D’Menüskaart, op där ee vu buedemstännege Lëtzebuerger Kascht bis bei méi raffinéiert Plate vun allem fënnt, ass plastifizéiert a gëtt mat engem Kräidstëft ausgedeelt, mat deem d’Leit hiert Wonschiesse mat engem Kräiz kënne markéieren. „Dat ass awer déi eenzeg Ëmstellung, déi een am Restaurant feststellt“, erkläert d’Manon Arent, Direktiounsbeoptraagt vu Concept21, der SARL hannert dem Madame Witzeg. D’Konzept ass dobäi en oppent, spréch d’Gäscht gi vum Personal direkt an der Entrée empfaang an et gesäit ee bis hannen an d’Spullkichen, fir ze weisen, dass et eebe kee Grond gëtt, firwat Leit à besoins spécifiques net sollen dierfe schaffen.

„Eis Leit dréien, dat heescht si schaffe mol am Bar, mol am Service, mol un der Spull, fir dass se alles probéiere kënnen an och Respekt virun all de verschiddenen Tâchen an der Restauratioun kréien“, esou d’Manon Arent. D’Personal huet dobäi e CDI (Contrat à durée indéterminée), wéi op all anerer Aarbechtsplaz och. De Virdeel: Duerch d’Piktogrammer op der Kaart muss kee liesen oder schreiwe kënnen, fir am Madame Witzeg ze schaffen. „Mir passen d’Aarbecht un d’Persoun un an net ëmgedréit“, betount d’Responsabel. Am Januar huet de Restaurant zu Bieles schonn zwee Joer gefeiert an déi Responsabel freeë sech driwwer, dass d’Leit all Dag extra dohifueren, fir do z’iessen – eng wierklech Lafclientèle gëtt et nämlech net.

E Plus: De Madame Witzeg huet och e klenge Buttek, wou een op Commande Brout, Knippercher, Gebeess a Co. ze kafe kritt. Aktuell waarden d’Ekippe vun der Ligue HMC an Trisomie21 ongedëlleg op méi waarm Temperaturen, well soubal d’Wieder schéi gëtt, geet a béide Restauranten och d’Terrass op. Wien also nach net weess, wou et fir den nächste Restaurantsbesuch soll higoen, deen huet elo zwou flott „nei“ Adressen, fir déi et sech definitiv lount, sech ze deplacéieren – avis aux amateurs!

En Artikel vum Laura Tomassini

Inklusionsrestaurant auf Erfolgskurs

Sat/Mar/Å

L extraordinaire Madame Witzeg

Fri/Feb/Å

Die wunderbare Madame Witzeg

Fri/Feb/Å

Restaurant unique, inclusif et novateur

Fri/Mar/Å

RTL - Ouverture vun engem neie Restaurant, an deem Inclusioun gelieft gëtt

Sun/Jan/Å

Den éischte Restaurant vun der Trisomie 21 asbl, de Restaurant Madame Witzeg zu Bieles, mécht seng Dieren op.

Zënter dem 15. Oktober 2022 huet de Restaurant den Agrement als Atelier d'inclusion professionnelle a vun e Méinden 23. Januar u kann een ënnert der Woch mëttes do iessen. Aacht Persoune mam "Statut de travailleur handicapé" kënnen hei enger bezuelter Aarbecht nogoen oder e Stage maachen, fir ze kucken, ob e Restaurant eng Aarbechtsplaz ass déi hinne gefält.

Hei gi si alles ronderëm d'Gastronomie geléiert a packen dann iergendwa vläicht de Schrëtt an de fräien Aarbechtsmarché. D'Ekipp am Restaurant ass eng Mëschung aus verschiddene Beruffsgruppen. Et schaffe souwuel Leit mat enger kognitiver Aschränkung wéi och Educateuren a Käch do.

Dat Eenzegt, wat fir de Client anescht ass, wéi a soss de meeschte Restauranten, ass de Bestell-System. Op engem Bestellschäi muss een ukräizen, wat een iesse wëll, esou kann all Mataarbechter d'Commande ophuelen, egal ob e schreiwe kann oder net. Et war en laange Wee bis d'Ouverture vum Restaurant. Fir den Agrement als Atelier d'inclusion professionnelle ze kréien, musse vill verschidde Krittären erfëllt sinn. Ënnert anerem e pedagogescht Konzept, e Rouraum an de Restaurant muss accessibel si fir jiddereen.

Als unerkannten Atelier kréie si Ënnerstëtzung vum Familljen- an Aarbechtsministère. Fir de Start huet de Restaurant Madame Witzeg awer och e Crowdfunding initiéiert.

RTL - Restaurant-Konzept fir Leit mat Trisomie anzestellen

Mon/Mar/Å

An dem Enseignement klappt Inclusioun scho gutt. Ma um Aarbechtsmarché gesäit et awer anescht aus.

Dacks schaffe Leit mat Trisomie 21 an Inclusiouns-Atelieren ouni Kontakt mat der Aussewelt. Mam Restaurant “Madame Witzeg” zu Bieles soll sech dat änneren an Transparenz grouss geschriwwe ginn.

D’Mauer zur Kiche gëtt nach erausgerappt an duerch eng Glasfënster ersat, sou dass een d’Leit do gesäit. An och am Service gi Leit mat enger Trisomie agestallt.

Duerch d’Pandemie sinn dës Aarbechten a Verspéidung an de Restaurant nach net ganz fäerdeg. Ma fir déi Virwëtzeg gouf schonns en éischten Owend organiséiert. Dozou gehéiert huet och en Danz-Optrëtt an e ganz besonnesche Vernissage, fir zesummen den internationalen Dag vun der Trisomie ze feieren.


https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/1888878.html